IMPF’O’DAY

Den 11 Dezember fënnt eng Impf-Konferenz fir de Grand Public statt.
Dir kënnt un dëser Konferenz deelhuelen, entweder op der Plaz selwer oder online.

Opgepasst: d'Konferenz ass NET am Cercle Cité wéi ursprénglech ugekënnegt, mee am Festsall vum Kolléisch :

Athénée de Luxembourg
Salle des Fêtes
24, Bd Pierre Dupong
L-1430 Luxembourg

DIR FROT, MIR ÄNTWEREN

Vun 13h00 bis 14h30 fënnt eng Table ronde statt, bei där verschidden Experten aus dem Gesondheetsberäich de Punkt zur aktueller Situatioun maachen, d'Thema Booster-Impfung diskutéieren an Iech Äntwerten op Är Froe ginn.

D'Aleedung ass op Lëtzebuergesch. Dir kënnt är Froen awer och op Franséisch, Däitsch oder Englesch stellen, an d'Experten äntweren Iech dann an där jeeweileger Sprooch.

Mat derbäi sinn :

Dr Charles Benoy – Psychologue | CHNP
Dr Isabel De La Fuente Garcia – Pédiatre | CHL
Dr Thomas Dentzer – Virologue bei der Santé
Prof. Dr Claude Muller - Virologue | LIH
Dr Jean-Claude Schmit – Direkter vun der Santé
Dr Gérard Schockmel - Spécialiste en maladies infectieuses | HRS
Annick Schons – Infirmière | CHL

Moderatioun : Nathalie Reuter

Fir a Presenz deelzehuelen,  kënnt Dir Iech iwwer folgende Link bis e Freideg den Owend um 218 Auer umellen:

D'Konferenz fënnt ënnert dem CovidCheck-Regime statt. Dëse gëtt bei der Entrée an de Festsall kontrolléiert.

D’Konferenz gëtt um YouTube vum Gouvernement gestreamt. Dir kënnt also och online deelhuelen, andeems dir op folgende Link klickt:

Hei kënnt Dir dann och online Är Froen eraschécken. Dir musst Iech dofir néierens umellen.

INFO-STÄNN

Am Foyer vum Kolléisch si vun 13h00 bis 17h00 Info-Stänn vu verschiddenen Acteuren aus dem Gesondheetssecteur an der Wëssenschaft opgestallt, bei deenen Experten Iech Äntwerten op Är spezifesch Froe kënne ginn.

Dëst fënnt net ënnert dem CovidCheck-Regime statt, soudass d'Geste Barrièrë mussen agehale ginn an et eng limitéiert Unzuel u Persoune gëtt, déi gläichzäiteg kënnen dorun deelhuelen.